Von RTL und rtl.lu vom 30. Oktober 2015
An der Hand hunn ech ee grousst, schéint Buch mat ville Fotoen an historeschen Rapporten, verdeelt op 260 Säiten. Den Editeur Gerard Klopp ass un d'Gemeng Hesper an hier Geschichtsfrënn erugetrueden, de Roland Schumacher, President vun den Hesper Geschichtsfrënn. D'Gemeng am Wandel ass a 6 gréisser Kapitelen opgedeelt. D'Ugangskapitel handelt vun der Populatioun vun Hesper, geschriwwen vum Paul Kridel mat enger ganzer Rei Statistiken. Hesper ass mat bal 15'000 Awunner ëmmerhinn déi 7. gréisst Gemeng am Land. Deen zweeten, groussen historeschen Deel geet a franséischer Sprooch iwwer d'Hesper Buerg. An engem weider Kapitel fënnt ee Fotoen vun der Kultur, der Natur an der Architektur aus der Hesper Gemeng vun de Gewënner vun engem Concours deen emol eng Kéier an d'Liewe geruff gi war. Et kritt een och Detailer iwwert déi nei Bréck am Zentrum. Fir esou e Wierk op d'Been ze stellen brauch ee vill Zäit a Gedold. Et huet Méint a Joren gedauert bis se d'Material zesummen haten. 'Hesper, eng Gemeng am Wandel' ass mat vill Léift zu Detail entstan a bestëmmt net nëmmen eppes fir déi Leit déi do wunnen. Hei ass d'MP3-Datei mam ganzen Interwiew:
|