Aus dem Wort vom 17. Oktober 2017

LW 2017 10 17 S 55

Hesperingen. D'Lidd „Un eis Jongen 1940-45“ vum René Schmit gouf um  Dag vun der Commemoratioun zu Hesper an der Kierch vun de „Chorales réunies“ gesongen. D'Hesper Leit hu sech un all déi 8 171 Lëtzebuerger erënnert, déi am Zweete Weltkrich hiert Liewe verluer hunn. Beim „Monument aux morts“ gouf eng Gerbe vun de Gemengenautoritéiten, vun de Veräiner  an der Populatioun ënner de Kläng vun der „Sonnerie aux morts“ niddergeluecht. Duerno huet am Centre civique de President  vun den „Enrôlés de force“, Roby Jomé, der Gemeng zwee Erënnerungspanneaue mat Portraite  vun den Hesper Jongen iwwerreecht, déi am Krich ware  respektiv bis haut vermësst ginn. Déi Fotoen hounge  laang  am Klouschter um Houwald,  bis se op emol verschwonne waren a goufen elo op engem Floumaart erëmfonnt. Si fannen elo hir definitiv Plaz an der Parkierch  um Houwald erëm. De Buergermeeschter  Marc Lies huet un d'Panzerongléck de  26. Dezember 1944 op der Hesper Bréck  erënnert, wou dräi  US-Zaldoten den Doud fonnt  hunn (Aenzeie war den deemools  13 Joer ale Paul Keller), an un e Moment zu Hinzert am KZ, zréckbehale vum Marcel Rausch. Als Ofschloss huet d'Hesper Harmonie municipale „d'Heemecht“ gespillt, an d'Leit hunn alleguer matgesongen. G.L. (FOTO: LAURENT BLUM)

 

Dieser Text ist urheberrechtlich geschützt.

 

Luxemburger Wort vom Dienstag, 17. Oktober 2017, Seite 55 / M3